RTL.lu – Video

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gëtt den éischte Satellit vun der Lëtzebuerger Entreprise GovSat an Orbit bruecht. D’Fro, déi ee sech stelle kann, ass, wisou Lëtzebuerg esou e Projet finanzéiert a wat et dem Grand-Duché ka bréngen? D‘Entreprise GovSat gouf 2015 gegrënnt. Et ass eng ëffentlech privat Joint-Venture vum Lëtzebuerger Staat an dem Satellitte-Bedreiwer SES. Mam GovSat-1 soll dës Woch een éischte Kommunikatiounssatellit an den Orbit bruecht ginn, fir verschidde Missiounen, virop fir militäresch Zwecker. Lëtzebuerg huet decidéiert, d‘Ausgabe fir d’Defense ze erhéijen, fir d‘NATO-Obligatiounen z’erfëllen. Zil wier et, fir anere Partner, dat heescht Regierungen an Institutiounen, wéi zum Beispill der europäescher Weltraum-Agence, Kapazitéiten op deem Satellit ze verkafen.

Click here to see the video